Iwwert eis

E puer jonk Kärelen aus dem Eisléck hunn sech geduecht, nodeems d’ „Wo“ hinnen d’Wourëcht riicht an d’Gesiicht gesot huet, datt et net schlecht wier, fir mol rëm e bësse méi Sport an hirer Fräizäit ze maachen. 
Déi wéinegst wollten awer engem bestehende Veräin bäitrieden, well si sech engersäits net op eng bestëmmte Sportart limitéiere wollten an anerersäits net méi di néideg Zäit hate, fir sech intensiv op d’Préparatioun vun de Kompetitiounen ze konzentréieren….
Sou ass d’Iddi opkomm, fir eng nei spezifisch Associatioun an d’Liewen ze ruffen. Iwwert d’Zil vun dëser Associatioun war sech jidderen eens : et sollt een sech ënnert de Membere geleegentlech treffen, zwee- bis dräimol de Mount, fir mateneen eng Sportaktivitéit ze man, an dat an enger agreabler Ambiance. D'Zil vun de Sportsdeddessen ass et also, selwer als a.s.b.l. u bestehenden Aktivitéite vun anere Veräiner deel ze huelen an anerersäits awer och selwer Sportsevenementer fir all Leit dobaussen ze organiséieren Den Treffpunkt, a gläichzäiteg de Siège social vun der a.s.b.l., ass den Sporthotel Leweck vu Lëpscht, wou dann och d’Sportshal gelount gëtt, fir Futtball, Basketball, Volleyball, Badminton a.s.w. ze spillen.
E Komitee gouf gegrënnt, Statute goufe geschriwwen, en Internetsite (www.sportsdeddessen.lu) an e Logo goufe geschaf. Et ass alles séier gaang an eis Associatioun ass lues a lues gewuess. 
De Komitee huet och schonn e Kalenner zesummegestallt mat den Aktivitéiten, bei dene mir probéieren all Joër mat dobäi ze sinn : ënner anerem 24Stonne Velo Wëntger, ING Marathon, Beachvolleyball zu Weller, Tour de France a villes méi.
Eisen gréisten Event vum Joer ass de Summercup, ee Fussballstournéier deen all Joër ufanks Juli organiséiert gëtt. Wanns du also lo Loscht kritt hues, méi iwwer eis a.s.b.l. gewuer ze ginn, dann zéck net a mell dech einfach iwwert de Menu "D'Sportsdeddessen / Member ginn", 
um 621776980 (Pascal Leweck /President) oder bei eisem Secretaire (donato.petracca@education.lu).
Mir freeën eis fir all neie Member a wiere frou, dech demnächst an eiser Ronn begréissen ze kënnen.