WIKINGERSCHACH ON THE BEACH 2022

Samsdeg, 17 September, 2022 - 10:30 bis 18:30

Salut,

D'Sportsdeddessen an den DT 95 Feelen si mir frou Iech matzedeelen dass mir déi 3. Editioun vum eisem “Wikingerschach on the Beach” organiséieren an daat e Samsdeg de 17. September 2022 ab 10h30 zu Nidderfeelen op de Beachvolleyball-Terrains

Den Owend si mer och live um ELDORADIO beim Wulli an der Sendung ze héieren.

Fir eng Equipe unzemellen an all weider Detailer fannt dir op www.wikingerschach.lu an op Facebook ennert "Wikingerschach on the beach".

Kommt all laanscht matspillen, einfach eppes iessen, ee Patt drenken oder mat de Kanner op eis Sprangschlässer.

Fir Iessen a Gedrenks ass gesuergt, et gi nees Cocktailer an eng Kaffisstuff an eis traditionell Tombola ass och nees gudd gefëllt.

Falls de motivéiert wiers fir mat eng Hand unzepaaken, da kanns de dech gäre bei eis mellen, all Hëllef ass natiirlech wëllkomm.

Bis e Samsden,

Mat sportleche Gréiss,

Äre Comité vun de Sportsdeddessen

Plaz / Uert: 
Nidderfeelen
Sportart: 
Wikingerschach

Umellungen

Ech sinn do
Kommentar
Guy hunn awer keng Ekipp
Chrëscht süd
Moser Isa
Paul Meysembourg