Léiwe Member vun de Sportsdeddessen,
Et ass kaum ze gleewen, mee d'Sportsdeddessen feieren dëst Joer schon 10 JOER SPORTSDEDDESSEN!!!
Fi dësen Ulass hu mer eis ët nët huelen gelooss e puer Extra-Aktivitéiten op de Kalenner ze setzen (méi dozou hei drënner am Mail).
Eis Memberskaart fir 2020 ass dann och weiderhin fir just 10€ ze kréien. Déi kanns du op eise Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei der Spuerkeess iwwerweisen mat der Kommunikatioun "Aktiven Member 2020 + Numm + Virnumm".
Mir hun och nach ee klenge Stock u Sportsdeddessen-Softshell-Jaketten déi dir kënt fir 40€ kaafen fir am richtegen Dress matzefeieren. Et gëtt se aktuell nach baal an alle Gréissten, sou gudd fir Männer wéi fir Fraen.
Mir hoffen natiirlech dass mir dech och am Joer 2020 weider zu eisen treie Memberen zielen kënen an dir vill flott Aktivitéiten därfen ubidden.
Hei ee klenge Virgeschmaach waat eisen Aktivitéitskalenner 2020 ugeet:
07/02/2020 - Pokertournoi
02/05/2020 - Dartstournoi
23/05/2020 - ING Night Marathon Team Run
Juni 2020 - EM 2020 Tippspill
13/06/2020 - 6H Run Wiltz
11/07/2020 - 10 Joer Deddessen Sortie
27/07-28/07/2020 - 24H Velo Wentger
13/09/2020 - Wikingerschach on the beach
...
P.S.: Op dësem Wee och nach eemol eise Sponsoren Merci fir hier Ënnerstëtzung!
Mat sportleche Gréiss,
Äre Comité vun de Sportsdeddessen