Salut Deddessen,
Nodeems mir an der lescht schon gudd aktiv waren, denken do un den ING Marathon an de Juxturnéier zu Vianden ass et lo un eisem Summercup den 9 Juli 2011. Dëst Joer organiséieren mir eisen traditionnellen Tournoi zu Ierpeldéng um syntheteschen Terrain. Mir géifen eis fréen wann dir mat enger Equipp mat dobai wiert.
Mir spillen mat 5+1 an 2 Ersatzspiller pro Equipp. Fir matzespillen gëlt ët Iech um Site www.sportsdeddessen.lu/summercup sou schnell wi méiglech unzemellen an eng kléng Cotisatioun vun 35€ ze iwerweisen (30€ fir déi déi daat nach virum 1.7.2011 man).
Plaazen sinn begrenzt dofir mellt Iech sou schnell wi méiglech un.
Fir Iessen, Drénken an eng Top Stëmmung ass wi ëmmer gudd gesuergt. Fir weider Infos gidd op eise site www.sportsdeddessen.lu
mat sportleche Gréiss
ären Comité