24 Stonnen Vëlo Wentger

Moien léiw Sportsdeddessen,

Am Numm vum Comité vun de Sportsdeddessen soen mir allen Sportsdeddessen nach eemol e grousse Merci dass Dir um Deddessen Summercup 2013 mat dobäi wart. Op Dir eis eng Hand mat ugepaakt hutt, selwer matgespillt hutt oder just op e Patt bis laanscht komm sidd, huet eis als Comité gefreet an motivéiert weider flott Aktivitéiten ze organiséieren. Merci dofir! :-)
Traditionnel fueren Sportsdeddessen och dest Joer nees mat beim 24 Stonnen Velo Wëntger vum 26. bis den 27. Juli 2013 (20h00-20h00).
Wéi all Joer kann natiirlech jiddereen vun iech mat eis matfueren a fir Animatioun an eisem Zelt ass natiirlech och nees gesuergt! :-)
D'Plaaz ass wéi gewinnt déi selwecht a mir freen eis natiirlech och iwwert jiddereen deen eis ufeieren kënt! :-)
Fir d'Organisatioun ze erliichteren (an och ee Fuerplang auszeschaffen), kënt der iech just w.e.g. iwwert de Link an der Mail umellen an och am Beschten nach folgend Informatiounen an de Commentaire schreiwen:
1. Vu wéini bis wéini bass du disponibel fir ze fueren?
2. Bass du Freides virun 20h00 do fir eng Hand unzepaaken beim opriichten? (Zelt, Bänken, Groupe, etc.)
3. Bass du Samsdes no 20h00 do fir eng Hand unzepaaken beim ofriichten? (Zelt, Bänken, Groupe, etc.)
P.S.: Fir déi déi hieren Velo matbrengen, denkt w.e.g. drun iech Luuten fir op ären Velo ze besuergen fir därfen am Däischteren ze fueren. ;-)
Mat sportleche Gréiss,
Schéine Weekend,
Chrëscht