24-Stonnen-Velo-Wentger

Salut Deddessenden!


Den 30. - 31. Juli huelen mir um Mega Event 24-Stonnen-Velo Wentger deel.


Mir wieren frou wann all Deddessen déi wëllen matfueren sech sou séier wéi méiglech mëllen sou dass mir eis kënnen organiséieren. Aus Erfahrung vum leschten Joer ass daat eng ganz flott Saach.


Et geet Freides Owes um 20.00 lass an dann bis Samsdes Owes um 20.00 um Stéck.


Wien ugemellt ass kritt dann genee Bescheed gesoot wéi a wou a waat. Mir hun schon mol eng Plaaz un der Stréck reservéiert a fir Animatioun am Deddessen Zelt ass och gesuergt. Och hei gëllt Address comite@sportsdeddessen.lu.


Och wann der kee Course-Velo oder iwwerhaapt guer kee Velo hutt kenne mer eis arrangeieren...


Op eng schnell an positiiv Äntwert...


The Comité