24h Vëlo Wentger - Spinning Marathon - Summeraktivitéiten

 

Moien léiw Sportsdeddessen,
Am Numm vum Comitée vun de Sportsdeddessen soen mir allen Deddessen (Männlein a Weiblein) nach eemol e grousse Merci dass Dir um Deddessen Summercup mat dobäi wart. Op Dir eis eng Hand mat ugepaakt huet, selwer matgespillt huet oder just op e Patt bis laanscht komm sidd, huet eis als Comité gefreet an motivéiert weider flott Aktivitéiten ze organiséieren. An do si mir och schon beim nexten Punkt. 

 
1) 24-Stonne-Velo-Wentger den 27+28 Juli 2012

Wéi Dir villaicht schon wësst huelen mir mat den Deddessen dëst Joer och rem den 27 an 28 Julli um 24-Stonne-Velo-Wentger Deel. Och do wieren mir frou wann mir genuch Leit géifen fannen déi selwer matfueren oder eis awer op dësem flotten Evenement ennerstëtzen kommen. Wéi schon di lescht Joeren hu mir rëm eisen Dj Deddes Bonsi dobäi, deen rëm fir di néideg Animatioun waert suergen.
Hei am Link kanns du dech umellen. Mir wieren frou wanns du géifs matfueren oder awer eis géifs ufeieren kommen vu Freides owes um 20.00 bis Samsdes owes um 20.00 oder irgendwann dozweschen :)

Weider Infos fenns du op : http://www.24hwentger.lu/de/teilnehmen-participer/reglement/

Hei de Link wous du dech kanns umellen

 

2) Spinning Marathon den 21. Oktober 2012

 Eisen Kolleeg de José Lopes vun "Luxembourg Transplant",  "meilleur Combatant" vum Deddessen Summercup 2012..., wënschen him op dëser Plaaz nach eemol alles Guddes, hoffen du kenns rem schnell an Rei (huet missen mat 4 Stech gebutt ginn)  huet eis op een super flott Evenement am Hierscht invitéiert waat hien lo schon fir 3 organiséiert, den Spinning Marathon an der Luxexpo, den Sonnden 21 Oktober 2012.
Well daat een Megaevenement ass (et ginn 6000 Leit erwaard) wou am Virfeld vill muss organiséiert ginn, ass et wichteg ze wëssen ops Du Loscht hues mat den Deddessen op dësem Event mat dobäi ze sinn. Participatioun ass 40 Euro déi integral fir een gudden Zweck waerten agesaat ginn.
An deenen 40€ abegraff ass och eng komplett Velosuniform déi mir deen Daag selwer vum Evenement waerten undoen. Detailer kommen no.
Mir hu bis lo eng 12 Leit provisoresch ugemellt an der leschter Periode vun 16.00 bis 17.50. Mell dech w.e.g. bis spéistens Enn nexter Woch hei um Link un. Mir hoffen och hei eng flott Equipp kennen zesummen ze kréien, jiddereen ass wellkomm. Hei kanns du zweschen eng halwer Stonn an 2 Stonnen fueren. Avis aux amateurs. Plaazen sinn limitéiert. Maach dech bai. Hoffen mir kréien hei och e puer Jofferen mat :)

Hei am Link kanns du dech fir de Spinning Marathon umellen:

3) Summeraktivitéiten 2012 vun de Sportsdeddessen 
Ab nexter Woch fannt Dir bei eis um site www.sportsdeddessen.lu de Kalenner vun den Aktivitéiten wou mir waerten Deel huelen. Melld Iech bei engem vum Comitee wann Dir Loscht huet bei enger Manifestatioun mat dobai ze sinn. 
De Comitee