4 Stonne Vëlo Grooljen

Samsdeg, 15 August, 2015 - 14:00 bis 18:00

Salut léif Sportsdeddessen,

 

Muer fënnt daat traditionnellt Rennen 4 Stonne Vëlo Grooljen wéi ëmmer Maria Himmelfahrt statt.

 

Et si schonn 2 Sportsdeddessen Equippen ugemellt, mee nach hutt dir d'Chance dobaï ze sinn an zwar kënnt dir iech op der plaz bis muer 13h00 umellen.

 

All weider Infos zu der Course fannt Dir op www.4stonnen.lu

 

Déi Leit déi nët sou gär Vëlo fueren sinn natierlech häzrlech wëllkomm eis Sportsdeddessen ze ënnerstëtzen. Fir Iessen, Gedrénks an Animatioun mam Marcel G....euhm DJ Swiss ass natierlech beschtens gesuergt. Live Resultater aus der Bundesliga ginn och duerchgesot a wann alles klappt och e live-stream.

 

Loosst iech net vun de Wiederprevisiounen beandrocken, d'lescht Joër war och Reen gemellt an d'Sonn huet geschéngt ;)

 

Bis hoffentlech muer, a fir déi aner eng schéi Vakanz,

 

fir de Sportsdeddessen-Komitee,

 

ds

 

Plaz / Uert: 
Gralingen
Sportart: 
Vëlo

Umellungen

Ech sinn do
Kommentar
Kloppo Sportsdeddessen / Echte Liebe mam Eug zesummem
Schweitzi DJ & Kommentator