4 Stonne Vëlo Grooljen

Donnerstag, 15 August, 2013 - 14:00 bis 18:00

Léif Memberen,

 

Nom Succès zu Wëntger gëllt et nët fir de Vëlo schonn un de Nol ze hänken. Déi nächst Equippen-Course steet virun der Dir, an zwar d'4 Stonnen Vëlo Grooljen.

 

Dës flott Rennen kennen nach verschidden Deddessen vu fréier, gouf si dach tëschent 1990 an 2003 all Joërs zu Grooljen organiséiert. Nët grad sou schwéier an opwänneg wéi Wëntger well just 4 Stonnen, kann eigentlech jiddereen do matfueren, allerdéngs ass och hei eng Montée dran. All weider Infos fannt dir op www.4stonnen.lu

 

D'Sportsdeddessen sinn um Depart, d'Fro ass just mat wéivill Equippen.

 

Drot iech hei an wann dir intresséiert sidd matzefueren, sou kënnen Equippen vun 2-6 Leit forméiert ginn.

An eiser Facebook-Grupp leeft och well eng Diskussioun fir d'Equippen opzesetzen.

 

Wann ee vun iech nach nët an der Facebook-Grupp ass an wëll erakommen, einfach bescheed soën!

 

fir d'Sportsdeddessen,

 

DS

Plaz / Uert: 
Gralingen
Sportart: 
Vëlo

Umellungen

Ech sinn do
Kommentar
Gemeng Tandel D'Velosfrenn vun der Gemeng Tandel sinn och dobei.
Bisi Hunn eng Ekipp mam Charel a Pascal (dee richtige Pascal :p)
Ech si net do
Kommentar
Christian Fuere net mat mee komme vleit kucken