Salut Deddessen,
Hei emol e puer Evenementer déi an nexter Zait an d'Haus stinn:
- nexte Mettwoch ass traditionell eisen Kick an der Hal am Sporthotel wou mir eis wéi gewinnt um 19.30 Rendez-vous ginn. Hoffen dir sidd rem all mat dobai :) Fir déi déi léiwer Fitness oder Sauna maachen ass och gesuergt.
- den 3.Dezember gin Deddessen mat oder ouni Begleedung an Fuussekaul Bowling spillen. Mir treffen eis do 19.45 an spillen op 2 Bunnen an 4 Equippen. Et gett och eppes z'iessen do mee bis dohin kommen nach Detailer no. So eis Bescheed hei am Link ops du dobai bass oder net. MERCI :)
http://doodle.com/62uwvb6c9sadg7im
- Sonndes den 12.12.2010 ass eisen groussen Wintercup wou mir een flotten Fussballstournoi an der Hal vum Sporthotel Leweck organiséieren mat 10 Equippen. Vu que dass mir och e puer Ausgaben mussen ofdecken froen mir een klengt Startgeld vun 35€ pro Equipp (Eisen Kont op der Spuerkeess; LU52 0019 3255 6229 3000) Déi éischt 10 Equippen sinn vir, dofir maacht Iech bäi an iwerweist schnell är Cotisatioun op den SPortsdeddessenkont mam Numm vun ärer Equipp an dir sidd secher ugemellt. Fir Iessen an Gedrenks an bomme Stëmmung ass secher gesuergt. Den Tournoi faenkt um 13.00 un (1. Match ass um 13.30) an hellt mat der Final um 19.00 op. Duerno ginn all déi déi wëllen mat roof an Brasserie eppes iessen wou mir awer am viraus vun all Equipp mussen wëssen wien do matgeet. Och do kréien Leit déi sech umellen fréi genuch Bescheed gesoot waat genee um Menu steet. Avis aux amateurs :). Mir wieren och frou fir all Supporter vun den Equippen do ze begréissen, well mir verspriechen Iech all do eng bomme Stëmmung.
Umellen kennt dir Iech op der Email-Address: comite@sportsdeddessen.lu oder uruffen um
62177 6980.
- Fir all déi vun den Deddessen déi hëllefen eis Uniform ze finanzéieren sprech Lotterielousen verkaafen bieden mir déi déi se schon verkaaft hun eis se matzebrengen e Mettwoch am Leweck oder awer engem se matzeginn sou dass mir eeen Zweschebilan zéien kënnen. MERCI
- Wéi ass Interesse een Bundesliga-Match kucken ze goen ? Wann Interesse do ass soot eis w.e.g. Bescheed dann géifen mir sou schnell wéi méiglech do eppes op Been stellen. Dofir gidd eis Feedback w.e.g.!!!!!!!
- Wann vun ärer Säit Froen oder Ureegungen sinn soot eis Bescheed oder schreiwt eris op comite@sportsdeddessen.lu
ären Comite