BVB - Ingolstadt

Samsdeg, 30 Januar, 2016 - 15:30

D'Réckronn an der Bundesliga geet an 3 Woche scho rem un. No engem schwéiren Auwaertsmatch zu Mönchengladbach, spillt den Tabellenzweeten Borussia Dortmund säin 1. Heemmatch an der Réckronn géint den Opsteiger Ingolstadt. Daat gëtt kee Selbstläufer, Ingolstadt ass bis elo déi 6. beschten Auswaertsequipp an hunn do réischt 9 Géigegoaler kasséiert, just Bayern huet der manner auswaerts.

 

Op Reus, Mkhitaryan, Kagawa, Aubameyang a Co den Opsteiger awer auserneen huelen wéi am Hispill (0-4), kënnt Dir mat de Sportsdeddessen live am Westfalenstadion materliewen. Puer Membere vun eis si Member beim BVB.lu, deen ausnahmsweis och schon des Kéier Woche virum Match d'Umellung fir Nët-Memberen ubidd.

 

Mir fueren all zesumme mat engem grousse Bus op Dortmund. Depart ass um 9h30 zu Ettelbréck bei der Sportshal, an nom Match komme mir zimlech direkt rem zréck.

 

Daat Ganzt (Busfahrt + Ticket) kascht 75 euro. D'Plazen sinn normalerweis ëmmer Tribünen Südost oder Südwest (Sëtzplazen) also direkt niewt der legendärer Südtribün, wou Stëmmung garantéiert ass, zumools no sou enger laanger Paus wärt fir den 1. Heemmatch de Stadion ausverkaf sinn (iwwer 80 000 Leit).

 

Mell dech séier hei un an iwwerweis 75 euro op de Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bis den 15. Januar fir déng Plaz ze garantéiren. Du kanns och roueg nach Kollegen matbréngen, Kanner fueren och matt...

 

Mir géifen eis fréen eng flott Equipp vun Deddessen kënnen matzehuelen an de schéinsten Stadion vun der Welt :-)

 

P.S. Fir BVB.lu Memberen kascht d'Fahrt 60 euro falls de intresséiert bass méi oft op Dortmund matzegoën eng Memberskaart bei hinnen kascht 30 euro am Joër, Infos op www.bvb.lu

Plaz / Uert: 
Dortmund
Sportart: 
Fussball

Umellungen

Ech sinn do
Kommentar
Chrëscht
Tim
Eug
Schweitzi
Ech si net do
Kommentar
Christian