Salut Deddes,
Heimat erenneren mir nach eemol drun dass mir muer Donneschden den 2. September zesummen op Fouer ginn. Mir als Comitee géifen eis freen wann mir zu enger gudder Band wieren fir dass et och e flotten owend gëtt. Bis lo sinn eng 15 Leit dobai. Mir treffen eis wéi gesoot beim Rieserad (Schwarzwaldhaus) um 19.00 Auer, duerno gi mer dann eppes klenges iessen... duerno vlait och op daat eent oder aanert Spill;) we'll see:)
An nach eng News: Heimat lued de Bonsi, och een Deddes (eisen DJ vu Wëntger) eis alleguer haerzlech an op Bastenduerf op seng Party ze kommen den Samsden 18. September mat der genialer Coverband Cluster5. Daat ass wirklech eng top Band an mir kennen nëmmen aus Erfahrung schwaetzen ...dir waert et net bereien.
An deem SËNN, ëmmer dobäi
de Comité