Am Juli haaten mir eisen 1. Deddessen Summercup wou eng 14 Equippen an e ganze Koup Supporter a Sympathisanten um Start waren déi bei herrlechem Summerwieder een flotten Daag verbruecht hun. Bei engem gudden kaalen Dikkrecher, Caipirinha a knusperege Spezialitéiten vum Grillmeeschter hu mir eis et all gudd goen gelooss. War e super Daag a mir freen eis lo schons op next Joer. Mir hun hei just e puer Fotoen op de Site gesaat déi aaner 300 weisen mir Iech dann all op eiser 1 AG am Wanter. Surprise;)