D'Sportsdeddessen invitéieren dech ganz haerzlech op den Deddessen Wintercup 2011 am Sporthotel Leweck.
Wéi lo schons traditionell organiséieren mir Samsdes Mëttes den 10. Dezember eisen flotten Tournoi an der Hal vum Hotel Leweck. Mir treffen eis dann an der Hal a verbréngen e puer flotter Stonnen ënner Fussballkolleegen.
Gespillt gëtt den Tournoi an Equipen mat 5 Leit (+2 Ersatzspiller) a lass geet et um 13h00.
Wanns du wells mat enger Equipp mat dobai sinn dann mell déi sou séier wéi méigelech un op comite@sportsdeddessen.lu oder um 621 77 69 80, well d'Plaazen sinn limitéiert.
Mir freen eis natiirlech och iwwert jiddereen, dee just bis laanscht kucken kennt fir ee Patt mat eis ze drenken.
Bis hoffentlech den 10. Dezember.
Mat sportlechen Gréiss,
Ären Comité