Deddessen Wintercup 2018

Samsdeg, 3 Februar, 2018 - 13:00 bis 19:00

Léif Sportsfrënn,

E Samschden den 03 Februar 2018, invitéiert de Comité vun de Sportsdeddessen op den "Wintercup 2018“, den traditionellen Fussballturnéier an der Hal.

Dëst Joer ass den Tournoi, aus organisatoresche Grënn, leider net am Sporthotel Leweck, mee zu Tandel an der Sportshal.

Falls du eng Equipe umelle wëlls, da géife mir dech bieden, deng Participatioun, bis spéitstens den 28 Januar per Mail ze confirméieren (comite@sportsdeddessen.lu)   an 40 Euro op eise Kont z'iwwerweisen (BCEE LU52 0019 3255 6229 3000).

Wichteg: eng Umeldung ass nëmme gülteg wann d'Aschreiwung och bezuelt ass...an déi éischt Equippen si vir! D'Plazen sinn nämlech, aus organisatoresche Grënn, limitéiert!!!

Fir Iessen an d'Gedrénks ass gesuergt.

All Informatioun iwwert dëse Futtballturnéier fannt dir an der Invitatioun am Anhang.

Falls dir weider Froen hutt, dann zéckt net fir eis ze schreiwen (comite@sportsdeddessen.lu).

An der Hoffnung datt der iech umellt, soë mer schons am Viraus en décke Merci a verbleiwe matt sportlëche Gréiss

Plaz / Uert: 
Sportshal Tandel
Sportart: 
Futtball