Den August maachen Sportsdeddessen Summerpaus am Leweck

Salut Deddessen,

Heimat deelen mir Iech mat, dass mir um 24-Stonne-Wentger eng 53 an 72 Plaaz gemeet hun. E groussen MERCI all deenen déi mat dobai waren op als aktive Coureur oder awer als Supporter. Et war wirklech een mega flotten Daag respektiv Nuecht an mir freen eis lo schon op next Joer an dorops dass dir rem all mat dobai sidd. Fotoen vun Wentger awer och vun eisen aaneren Aktivitéiten wéi Summercup, Tour de France, Weller Beachvolleyball asw.kommen demnext op de site.  

Heimat wellen mir Iech awer matdeelen, dass mir am August keen Fussball an der Hal am Leweck spillen, mir maachen wéi een daat sou schéin nennt eng Summerpaus - waat awer net well heeschen dass mir guer keen Fussball spillen. Ganz am Géigendeel, mir sinn den 14. August zu Burschend op engem flotten Fussballturnéier ugemellt wou eng Ronn 20 Equippen deelhuelen. Organiséiert ass daat vum Burschter Fussball wou ganz haerlech agelueden goufen.

Wien also den Samsden 14 August ab 12.30 Zait huet soll sech sou schnell wéi méiglech mellen op der email Adress comite@sportsdeddessen.lu oder awer dir mellt Iech bei engem Comiteesmember un. Mir wieren frou wann mir eng gudd Band zesummen kréien fir e flotten an lëschtegen Nomëtteg ze verbréngen. De Verain iwerhëllt Startgebühr .......... Gespillt gett mat Leit um Feld an 1 am Goal.

Fir déi déi net selwer wellen matspillen kennen awer gaer laanscht kommen fir eis unzefeieren ;)  

P.S. Wann een vun Iech eng Propose huet vun enger Manifestatioun oder soss een Virschlaag huet einfach mellen.

mat sportlechen Gréiss

de Komitee