Dringend: Velostrikot-Bestellung

Salut Deddessen,



Mir hunn elo eng definitif Versioun (Bild uewen) vum Velostrikot. Den Asport huet verschidden Ännerungen gemach wéinst dem technesch Machbaren.

 

Mir mussen onbedingt Ufank nächster Woch d'Bestellung maachen, soss kréie mir se net méi fir 24h Vëlo Wëntger.

 

Hei nach zur Erënnerung d'Präisser:

Normalerweis giff Trikot+Box 120€ kaschten. De Komitee leet fir déi 20 éischt, déi ee bestellen, en Deel bäi.

 

Trikot + Box = 90€

Just Trikot = 55€

 

 

Et kann awer sinn, datt se nach e besse méi belleg ginn, wann mir nach weider Sponsore fannen.

 

Op dem hei Link kënn dir d'Bestellung maachen. Gidd w.e.g. äre komplette Numm an.

 

Wann dir net wësst wéi eng Gréisst dir hudd, kënn dir se och bei den Asport umoosse goen. Frot dofir einfach e Vendeur.

 

Mat sportlëche Gréiss,

De Komitee