Salut Deddessen,
Mir wollten Iech just Bescheed soen dass dësen Mettwoch den 1. Dezember keen Fussball an der Hal am Hotel Leweck ass. Den Hotel ass zou an dofir verleen mir daat op nexten Mettwoch den 8. Dezember. Desweideren erenneren mir nach eemol drun dass mir e Freiden den 3. Dezember an Fuussekaul Bowling spillen ginn. Mir iessen och do an spillen op 2 Bunnen een klengt Tournéier. Hoffen dir sidd all mat dobai. Rendez-vous ass um 19.00-19.30 an der Fuussekaul.
Vergiesst och net Iech unzemellen fir op eisem Wintercup den 12.12. mat dobai ze sinn. Mir wieren frou wann dir geift eng Equipp man oder awer einfach just bis laanscht kucken kommen. Fir Iessen an Gedrenks an gudd Stëmmung ass gesuergt. Op eisem Site www.sportsdeddessen.lu fannt dir all Informatiounen déi dir braucht fir Iech unzemellen. Bei Froen kennt dir Iech um 621 77 69 80 umellen
mat sportlechen Gréiss
ären Comité