Generalversammlung 2017

Freideg, 31 März, 2017 - 19:30 bis 21:00

Léiwe Member vun de Sportsdeddessen,

 

Och dëst Joër…

 

  • gëtt et een Réckbléck vun den Aktivitéiten wou d’Deddessen d’Joër virdrun iwwerall dobei waren a geglänzt hunn.

  • kanns du rausfanne wat de Komitee mat de Suen vun der Deddesse-Keess stiicht.

  • gëss du gewuer wat de Präsi an de Comité fir déi naechst Méint nach Wëlles hunn.

  • kriss du d’Méiglechkeet eng interessant ASBL/ONG kennezeléiren déi sech fir een gudden Zweck asetzt.

  • kanns du dem Komitee deng Meenung soen an dobei och nach een Patt offréiert kréien.

 

Komm einfach e Freiden, den 31. März, um 19.30, an de Konferenzsall vum Hotel Leweck! De Comité géif sech freeë fir dech (an däi Partner) deen Dag op senger Assemblée générale ze begréissen.

 

Wanns du dann um 20.45 och nach Honger hues, a nach net heem wëlls, da kanns du, bei engem gudde Plat1 am Restaurant Leweck, an dono bei engem gudde Cocktail an der Bar, een gesellegen Owend mam Komitee verbréngen. Mell dech sou séier wéi méiglech, op eisem Site un a präziséir eis och de Choix vun dengem Plat (Plat A/B).

 

Mat sportleche Gréiss,

De Comité vun de Sportsdeddessen

 

 

 

1 Plat A : Bouchée à la reine + Waasser + Wein -25 Euro Plat B : Salade Scampi + Waasser +Wein – 25 Euro

Plaz / Uert: 
Hotel Leweck
Sportart: 
Assemblée Générale

Umellungen

Ech sinn do
Kommentar
Donato Menu B
Cindy Menu A
Carine Plat A
Pascal Donceel
Dan + Carmen 2 x Bouchée
Steini (fir d'zweet) A well ech net liese kann : ech huelen den Plat A :-)
Steini An och beim Iessen derbei
Marie, Ted an Tim
Patrick Aust Plat A
Chrescht Süd Menu A ;-)
Eug Plat 1
Paddy Plat B
Schweitzi Plat C (ierjendeppes ouni Déiren dran ;)
Bisi Plat A
Pascal Bormann Plat A
Ech si net do
Kommentar
Bisi Sry, eppes dertescht komm, kann awer nez
Germain Petry
Christian Maquil
Fiume Sinn zu kopenhagen