Samsdeg, 4 Mai, 2013 - 14:00 bis 16:00
De Comité huet sech mol rem eppes Neies afaalen gelooss a bidd Iech den 27 Abrell an de 4 Mee Méiglechkeet un engem Schnuppergolf - Cours mat engem PRO Deel ze huelen, deen eis während 2 Stonnen Technik vum Golfspillen probéiert méi no ze bréngen.
Mir hun 2 Coursen well pro Cours leider nemmen 10 bis maximal 12 Leit kennen Deel huelen, aanescht huet de PRO net Zäit genuch op jiddereenzelnen anzegoen.
Also wann Dir emmer schon eemol wollt Golf spillen, lo ass de Moment. Mell Dech einfach hei am Link schnell un an so eis Bescheed wéi een Daag du wëlls mat dobai sinn. Et gett eng kleng Participatioun pro Member ze bezuelen mee eppes ass kloer de Comité waert de gréissten Deel iwerhuelen.
Hei nach eemol den Detail:
1) Samsdes, den 27 Abrëll vun 14:00-16:00 zu Christnach um Golf
2) Samsdes, den 4 Mee vun 14:00.-16:00 zu Christnach um Golf
No deenen 2 Stonnen kennen mir dann nach je nodeem eng kleng Competitioun ennerteneen spillen op 9 Lächer. It's up to you!
Plaz / Uert:
Christnach
Sportart:
Golf