Grill-Cours mat Wäindegustatioun

Samsdeg, 20 Juni, 2015 - 17:30

E Samsden den 20. Juni, bidden mir iech un, fir bei engem flotten Grill-Cours matzemaachen an dobäi och nach e puer gudd Pättercher Wäin vum „Domaine Viticole Schumacher - Lethal & Fils“ am Kader vun enger Wäindegustatioun ze schmaachen.


De Grill-Cours gett eis vum Markus (Restaurant „Tomate Basilic“ zu Miersch) gehaalen, wou mir dann zesummen eng Amuse-Bouche, eng gudd Entrée an dono zwee lecker Haaptplaten mat Beilagen grillen. Ët get genuch z’iessen, ët ass fir jiddereen eppes derbäi an ët geet keen hongeresch heem. :-)


Hei kritt der e puer nei Ideen fir ären nächsten Grillowend, loosst iech iwwerraschen, waat een alles sou kann um Grill zauberen an dono loossen mer eis ët gudd schmaachen. Fir den Menu doheem kënen nozegrillen, kritt dir dono natiirlech och d‘Rezepter mat heem. :-)

 

Lass geet et den 20. Juni um 17h30 zu Recken an déi genee Adress kritt der nach gescheckt.

 

Parallel zum Grill-Cours kréien mer déi verschidden Wäiner vum „Domaine Viticole Schumacher - Lethal & Fils“ vu Wormer ze schmaachen. Bei der Wäindegustatioun kritt da jiddereen och dee passende Wäin zum Menu ugebueden. :-)

 

Jiddereen ass wëllkomm, déi déi selwer wëllen matgrillen an um Cours deelhuelen awer och déi déi just wëllen Wäin schmaachen an eisen selwer gegrillten Menu iessen kommen. D’Plaazen sin allerdings limitéiert, dofir mellt iech op allefall hei un, fir dass mer wëssen fir wéivill Leit mir mussen alles virbereeden an akaafen.

 

Fir een Deel vun de Käschten gedeckt ze kréien, froen mer jiddereen eng kleng Participatioun vun 20.- pro Persoun déi der kënt op eisen Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei der BCEE iwwerweisen.

 

Mellt iech séier un, mir freen eis op ee flotten Owend!

 

Mat sportleche Gréiss,

 

Fir de Comité,

 

Chrëscht

Plaz / Uert: 
Recken
Sportart: 
Grill-Cours mat Wäindegustatioun

Umellungen

Ech sinn do
Kommentar
Jakkie
Steve
Danielle
Rom1
Cindy
Markus
Bisi
Knops
Hinti
Schweitzi
Pascal
Gisela
Donato
Anne-Marie
Chrëscht