Hei nach eemol een offiziellen Opruff fir e Samsden zesummen an der Stad um ING eis Sportsdeddessen unzefeieren an eis Tippspillformularen ennert Leit ze bréngen fir eis Kees opzebesseren. Et wier flott wann mir eng flott Equipe géifen zesummen kréien sou dass daat Ganzt eng flott Saach gëtt. De Paddy huet Sportsdeddes -T-Shiren bestallt fir all déi déi matginn, kréien sou een un, sou dass mir e bessen opfaalen , deen T-Shirt kascht 19 €, mee deen brauchen mir demnext nach méi dachs... :)
Wéi dir vlait schon wësst hun mir dëst Joer och e puer Deddessen um Start fir Teamrun an Semi a souguer een Marathonmann (Paddy, Guy, Laurent Kipgen, de Christian Mohr, de Gilles Conter, de Chrescht, mengen daat waren se.... ) All déi Leit déi interesséiert sinn matzefueren sollen sech w.e.g. beim Eug mellen (621776980), dann kënnen mir eppes ofmaachen.
Ech hu mir geduecht mir géifen eis an der Stad Rendez-vous ginn. Wou genee daat soll sinn ass schwéierer ze définéieren, dofir géif ech einfach virschloen ruff mir muer un fir Bescheed ze soen op dir dobai sidd, sou wees ech Bescheed a mir telefonéieren dann zesummen fir eis ze treffen. Fir déi déi laafen an duerno mat an der Stad nach eppes drenken ginn respektiv Tippspiller verkaafen maachen mir Treffpunkt um Kirchbierg, ruff mir einfach un.
nach eng Info zum Afëllen vum Tippspillformular:
-wann dir Tippspillformular waat de client ausgefëllt huet an dem Schweitzer sain Excel Sheet duerno doheem androt (gesavt als Numm Virnumm a Nummer vun der Membre donateur Kaart) dann passt op well Matcher kommen op deenen 2 net emmer da Rei no, sinn e bessen duercherneen, also oppassen!!!
Also Jungs gidd Gas, an soot mir Bescheed op der mat gidd oder nokommt, gett eng flott Saach, bis e Samsden dann in alter Frische - allez Deddessen maacht en effort, géif mech freen.
Un de Start ginn:
Team Run
Team-Numm: D'Sportsdeddessen
Semi-Marathon
#7932 Christian Weber
Marathon
#1705 Patrick Steffen