Wéi déi lescht Joeren, maachen d'Sportsdeddessen dëst Joer erëm eng Equipp fir de Staffellaf den 30.5 beim Marathon an der Stad matzelafen.
Een Team besteet aus 4 Leefer. All Leefer brauch just zweschen 8 an 13km ze laafen. Jidder Member ka mattlafen, et sinn jo nach e puer Méint fir ze trainéieren, an et geet net em eng gëlle Kou.
D'Startgeld ass 25€/Persoun, mee d'Sportsdeddessen leeën eppes klenges bäi.
Sot w.e.g. seier bescheet. Et sinn net méi vill Plaze fräi. Mir mussen d'Equipp schnell umellen.
WICHTEG fir déi Leit déi Semi oder Marathon lafen:
Jiddereen deen bei der Inscriptioun Sportsdeddessen als Club ugëtt a mat engem Sportsdeddessentrikot leeft, kritt eis Memberskaart fir 2015 gratis.
Méi Informatiounen: http://www.ing-night-marathon.lu/