Salut Deddessen,
Wéi d'lescht Joer, maachen d'Sportsdeddessen dëst Joer erëm eng Equipp fir de Staffellaf den 8.6 beim Marathon an der Stad mattzelafen. Et wier flott, wann mir dëst Joer giffen zwee Teams zesumme kréien. Mir sichen also 8 Leit.
Een Team besteet aus 4 Leefer. All Leefer brauch just zweschen 8 an 13km ze laafen. Jidder Member ka mattlafen, et sinn jo nach e puer Méint fir ze trainéieren, an et geet net em eng gëlle Kou.
D'Startgeld ass 25€/Persoun, mee d'Sportsdeddessen leeën eppes klenges bäi. Macht iech bäi. Déi éischt si fir.
Hei umellen: http://sportsdeddessen.lu/node/898
WICHTEG fir déi Leit déi Semi oder Marathon lafen:
Jiddereen deen bei der Inscriptioun Sportsdeddessen als Club ugëtt a mat engem Sportsdeddessentrikot leeft, kritt eis Memberskaart fir 2013 gratis. Dësst gëllt just fir Umeldungen bis den 13.3, den Dag vun eiser Generalversammlung.
Méi Informatiounen: http://www.ing-night-marathon.lu/
Mat sportleche Gréiss,
De Komitee.