Léiwe Member vun de Sportsdeddëssen,
Et gëtt erëm endlech Zäit fir…
- … ee Réckbléck vun den Aktivitéite wou d’Deddëssen déi läscht Joren iwwerall dobäi waren,
- … ee Bilan vun eisem Tresorier iwwert eis Deddësse-Keess,
- … dem gewuer ze gi wat de Präsi an de Kommitee déi nächst Méint nach Wëlles hunn
- … eng interessant Associatioun kenneléieren déi sech fir ee gudden Zweck asetzt
- … dem Kommitee deng Meenung soen an dobäi och nach ee Patt offréiert kréien.
Komm einfach e Mëttwoch, den 30. Abrëll, um 19.30, am Hotel Leweck.
De Kommitee géif sech freeë fir dech (an däi Partner) deen Dag op seng Assemblée générale ze begréissen.
Wann s du dann um 20.30 och nach Honger hues, a nach net heem wëlls, da kanns du, bei engem gudde Plat ee gesellegen Owend mam Kommitee verbréngen.
Mell dech un, bis de 25. Abrëll, per Mail (einfach op dës E-mail äntweren)!
Mat sportleche Gréiss,
De Comité vun de Sportsdeddëssen