Invitatioun Generalversammlung

 

SPORTSDEDDESSEN a.s.b.l Lëpscht, den 18 Februar 2016

Siège social

Sporthotel Leweck

L-9378 Lipperscheid

R.C.S: F8256

comite@sportsdeddessen.lu

 

 

INVITATIOUN

 

 

Léiwe Member vun de Sportsdeddessen,

 

Och dëst Joër…

 

  • gëtt et een Réckbléck vun den Aktivitéiten wou d’Deddessen d’Joër virdrun iwwerall dobei waren a geglänzt hunn.

  • kanns du rausfanne wat de Komitee mat de Suen vun der Deddesse-Keess stiicht.

  • gëss du gewuer wat de Präsi an de Comité fir déi naechst Méint nach Wëlles hunn.

  • kriss du d’Méiglechkeet eng interessant ONG kennezeléiren déi sech fir een gudden Zweck asetzt („Plooschter Projet“)

  • kanns du dem Komitee deng Meenung soen an dobei och nach een Patt offréiert kréien.

 

Komm einfach e Freiden, de 04. März, um 19.30, an de Konferenzsall vum Hotel Leweck! De Comité géif sech freeë fir dech (an däi Partner) deen Dag op seng Assemblée générale ze begréissen.

 

Wann s du dann um 20.45 och nach Honger hues, a nach net heem wëlls, da kanns du, bei engem gudde Plat1 am Restaurant Leweck, an dono bei engem gudde Cocktail an der Bar, een gesellegen Owend mam Komitee verbréngen.

 Mell dech, sou séier wéi méiglech, op engem Site un a präziséir eis och de Choix vun dengem Plat (Plat A/B).

 

Mat sportleche Gréiss,

De Comité vun de Sportsdeddessen

 

 

 

1 Plat A : Bouchée à la reine + Waasser + Wein -25 Euro Plat B : Salade Scampi + Waasser +Wein – 25 Euro