Salut,
No den flotten Beachdays am Kiischpelt wou d'Sportsdeddessen mat 2 Equippen present waren an och allen 2 besser ofgeschnidden hu wéi d'lescht Joër, steet elo déi nei Bundesliga-Saison virun der Dir.
Nee do spille mir nët selwer matt, mee do kann jiddereen eng Equipp opstellen beim Kicker Manager-Spill Interactive fir déi ganz Saison.
Fir d'3. Joër noëneen hu mer och eng eege Liga mam Numm "Sportsdeddessen".
Setzt schnell äre Kader zesummen an dann "--> Mangagerliga -->Liga beitreten" Sportsdeddessen aginn an da gitt der vu mir akzeptéiert.
Et gëtt och dëst Joër als besonneschen Ureiz e klenge Präiss gesponsert vun de Sportsdeddessen fir dee Manager deen um Enn vun der Saison déi meeschte Punkte gesammelt huet. (de genaue Präiss gëtt nach am Komitee festgeluecht).
Matspillen ass selbstverständlech gratis. Opgespasst: Start vun der Bundesliga ass dësen Freiden :)
All weider Infos fir matzemaachen gëtt et op
http://www.kicker.de/games/interactive/startseite/gamesstartseite.html
Bis geschwënn, a wann een nach eng Fro huet oder e "support" brauch kann en roueg mailen.
fir de Komitee,
DS