Lëtzebuerger Owend

Samsdeg, 17 Juni, 2017 - 19:30

Salut léif Sportsdeddessen Memberen,

Heimatt sidd dir härzlech agelueden op eise Lëtzebuerger Owend Samsteg den 17. Juni "a Schweitzisch" zu Baastenduerf (beim John).

An enger flotter Ambiance gëtt et e gudde Maufel z'iessen an lëtzebuerger Lidder zum beschten vum Fernande, enger Pianistin déi villen e Begrëff well sie Woch fir Woch an engem Café am Gronn fir Stëmmung suergt an och selwer matséngt, an ech spillen och nach e bëssen ;)

Wien net wëll matiessen kann einfach sou lanschtkommen, den Entrée ass fräi, mee wien wëll iessen muss onbedéngt reservéiren an zwar sou schnell wéi méiglech well d'Plazen si begrenzt !!

Déi 2 Menuen sinn déi folgend, 

Ham, Fritten, Zalot + Dame blanche  22 €

oder

3 Zorte Kniddelen + Dame blanche  15 €

Iessen ab 19h30

Live Piano ab 21h mam FERNANDE a mam Schweitzi

Texter gi verdeelt fir matzesangen!

Umellen fir d'Iessen op comite@sportsdeddessen.lu oder 661 29 11 81 bis den 10.6. an uginn wéivill Leit a wéi ee Menu w.e.g.

Fir de Komitee,

Schweitzi

Plaz / Uert: 
Baastenduerf

Umellungen

Ech sinn do
Kommentar
Daniele a rom1
Schweitzi misst bal do sinn ;)