Salut!
24 Stonnen Velo Wëntger stin virun der Dir an eis Virbereedungen laafen op Héichtouren!
Hei nach e puer praktesch Informatiounen:
- Mir hun 2 grouss Zelter, wou een an engem vun deenen 2 kann schloofen, wann ee wëllt. Et stin allerdings keng Feldbetter oder sou dran.
- Ween een eegent klengt Zelt huet fir dran ze schloofen, brengt daat och am beschten mat (+Schloofsaack), dann geet ët och gudd duer mat der Plaaz.
- D'Veloen mussen mat Luuten (z.B.: LED-Luuten mat Batterie) equipéiert sin fir an der Nuecht kënen ze fueren.
- Fir Iessen (Baguette, Thüringer, Mettien, Moschtert, Ketchup, frësch Mëttschen Moies, etc....) an Drenken (kaalen Béier, Jägi, Cola, Waasser, Jus, Kaffi Moies, etc....) ass gesuergt. Mir gin daat alles kaafen an brengen ët mat op Wëntger. 20€ ass d'Bedeelegung pro Persoun, an dofir kënt dir dann iwwert 24 Stonnen laang iessen an drenken sou vill wéi der wëllt. :)
- Ween nach keen Sportsdeddessen T-Shirt huet an een wëllt, dee kritt een bei eis fir 20€. Ët gëtt en nach am S, M, L an XL. Wier natiirlech flott wann jiddereen een hätt an mer alleguerten kéinten an där selwechter "Tenue" fueren.
Mir hun och dest Joer mat 2 Equipen um Start, hun eng "Camping-Plaaz" direkt bei der Pist fir eis Leit unzefeieren, hun eng Top-Anlaag derbäi an Freides Owes leet och nach een DJ op!
Fir gudd Stëmmung ass also gesuergt, lo gëllt ët just nach alles ze gin um Velo! :)
Bis muer, nom Motto vun den Sportsdeddessen: "Ëmmer derbäi"!
Fir den Comité,
Chrëscht