Mat den Deddessen op den Tour de France 2011

Salute Deddessen,

Nodeems mir zu 3 comitésmembren dest Joer den Tour de France kucken woren an deck
begeeschtert woren, hu mir direkt décideiert 2011 nach emol ze goen. Et gett Velo gefuer (keng
Mussesach), owes gudd gees an vill gelacht, an natiirlech ons Jongen lautstark ennerstetzt.

Onseren Member den Bisi (Besenius Eric) hutt lo een chalet fir 15 Leit reserveiert, deen awer elo
schonns complet ass.

Et sinn momentan nach chalets ze kreien, mee mir wessen net wie laang die na frei sinn. Dofir wanns
du (mat oder ouni Partner-in) Loscht hues do matzegoen, da meld dech w.e.gl schnell beim comité
domat mir kucken mam Bisi fir na een chalet ze lounen. Mir ginn vum 16-23 Juli, et kascht ongef.
250-300 euros op de Kapp fir eng Woch.

Bescht Greiss.

Hinti