Memberskaart 2014

Léiwen Member vun de Sportsdeddessen,

 

No engem weideren erfollegräiche Joer 2013 si mir als Komitee am gaangen weider vill flott Aktivitéiten fir d'Joer 2014 ze plangen.

 

Nodeems mir op der Assemblée Générale de leschte Freiden 14. März 2014 ee positiven Bilan konnten zéien, sin natiirlech och déi nei Memberskaarten fir 2014 ze kréien!

 

Eis Memberskaart fir déi nei "Saison" bleift weiderhin bei 10€ fir ee ganzt Joer.

 

Wanns du nach keng nei Memberskaart hues, da kanns du w.e.g. däi Membersbäitrag bis den 1. Abrëll op eise Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei derSpuerkeess iwwerweisen mat der Kommunikatioun "Aktiven Member 2014 + Numm + Virnumm".

 

Falls mir bis dohinner keng Reaktioun kritt hun gi mir dovunner aus, dass keen Interesse méi besteet fir weiderhin bei eis Member ze sin a mir aktualiséieren eis Memberslëscht an eis Mailinglëscht dann deementspriechend. :-)

 

Op eisem Site www.sportsdeddessen.lu kanns du am Kalenner noliesen waat leeft, du kanns dech fir déi verschidden Events während dem Joer aschreiwen an deng Donnéen nokucken, änneren, etc.

 

Geschwënn geet dann och eist WM Tippspill 2014 online also maach dech elo scho prett fir matzetippen! :-)

 

Mir hoffen natiirlech dass mir dech och am Joer 2014 weiderhin zu eisen treien Memberen zielen kënen an dir vill flott Aktivitéiten kënen ubidden.

 

P.S.: Mir soen och op dësem Wee och nach eemol eisen Sponsoren Merci fir hier Ënnerstëtzung an an der Annexe fëns du Infoen iwwert d'Virdeeler déi eis Memberen an de Veräin vun eisen Sponsoren gebueden kréien. :-)

 

Merci am viraus,

 

Mat sportleche Gréiss,

 

De Comité vun de Sportsdeddessen