Léiwe Member vun de Sportsdeddessen,
Fir d'alleréicht mol nach Alles Guddes am neien Joer, ouni Verletzung a bei beschter Gesondheet!
No engem weideren erfollegräiche Joer 2018 si mir als Comité am gaangen weider vill flott Aktivitéiten fir d'Joer 2019 ze plangen.
Mir wärten och dëst Joer op eiser Generalversammlung den 22. März 2019 (Datum an de Kalenner schreiwen! :-)) nees ee positiven Bilan kenen zéien an daat och duerch är Hëllef an Ënnerstëtzung!
Déi nei Memberskaarten fir 2019 sin dann och ab elo ze kréien an eis Memberskaart fir déi nei "Saison" bleiwt weiderhinbei 10€ fir ee ganzt Joer!
Wanns du nach keng nei Memberskaart fir 2019 hues, da kanns du w.e.g. däi Membersbäitrag bis den 31. Januar op eise Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei der Spuerkeess iwwerweisen mat der Kommunikatioun "Aktiven Member 2019 + Numm + Virnumm".
Fir eise regelméissegen Fussball RDV gëtt ët och mëttlerweil eng WhatsApp-Grupp wou jiddereen deen do speziell drun interesséiert ass sech ka mellen fir bäigesaat ze gin.
Nom 31. Januar gett dann och eis Memberslëscht an eis Mailinglëscht aktualiséiert. Falls keen Interesse méi besteet fir weiderhin bei eis Member ze bleiwen, waat mir natiirlech nët hoffen, da maach eis w.e.g. kuerz ee Mail a mir passen dann eis Lëscht och dementspriechend un. Am aaneren Fall wou's du den Cotisatioun iwwerweis, do wärten mir dech weiderhin regelméisseg informéieren waat, wéini, wou leeft. :-)
Op eisem Site www.sportsdeddessen.lu kanns du wéi gewinnt am Kalenner noliesen waat leeft, du kanns dech fir déi verschidden Events am Laaf vum Joer aschreiwen an deng Donnéen nokucken, änneren, etc.
Mir hoffen natiirlech dass mir dech och am Joer 2019 weider zu eisen treien Memberen zielen kënen an dir vill flott Aktivitéiten därfen ubidden.
P.S.: Mir soen och op dësem Wee och nach eemol eise Sponsoren Merci fir hier Ënnerstëtzung!
Mat sportleche Gréiss,
Äre Comité vun de Sportsdeddessen