Memberskaart 2022 - 12 JOER DEDDESSEN

Léiwe Member vun de Sportsdeddessen,

 

Et ass kaum ze gleewen, mee d'Sportsdeddessen feieren dëst Joer schon 12 JOER SPORTSDEDDESSEN!!!

 

Eis Memberskaart fir 2022 ass dann och weiderhin fir just 10€ ze kréien. Déi kanns du op eise Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei der Spuerkeess iwwerweisen mat der Kommunikatioun "Aktiven Member 2022 + Numm + Virnumm".

 

Déi geplangten Eventer fir deen 10. respektiv 11. Gebuertsdaag richteg ze feieren sin aus bekannten Ëmstänn leider déi lescht 2 Joer ausgefall awer dofir waren eist EM Tippspill sou wéi och deen 2. Wikingerschach on the Beach (no der 1. Editioun 2019) awer een Erfolleg gin!

 

Mir hun dofir och d'lescht Joer d'Cotisatioun fir eis Memberskaart ausgesaat, mee mir géifen eis natiirlech riiseg freen wanns du eis dann 2022 nees géifs ënnerstëtzen a mir dech dann weiderhin zu eisen Memberen dierften zielen.

 

Mir hoffen natiirlech elo dass mir dëst Joer dann rem déi eng oder aaner Aktivitéit méi kënen starten an dass mir dech da bei där Geleegenheet nees remgesin!

 

Mir hun och nach ee klenge Stock u Sportsdeddessen-Softshell-Jaketten déi dir kënt fir 40€ kaafen fir am richtegen Dress matzefeieren. Et gëtt se aktuell nach baal an alle Gréissten, sou gudd fir Männer wéi fir Fraen.

 

Upcoming Events 2022 (sous réserve):

- ING Night Marathon Team Run

- 6H Run Wiltz

- 24H Velo Wentger

- 10+2 Joer Deddessen Feier + Sortie

- Wikingerschach on the beach (3. Editioun)

- WM 2022 Tippspill

...

 

P.S.: Op dësem Wee och nach eemol eise Sponsoren Merci fir hier Ënnerstëtzung!

 

Mat sportleche Gréiss,

 

Äre Comité vun de Sportsdeddessen