Memberskaart a Generalversammlung 2018

Léiwe Member vun de Sportsdeddessen,

 

Hei ee klenge Rappel:

 

1. Memberskaart 2018

Wanns du nach keng nei Memberskaart fir 2018 hues (also nach nët iwwerwisen hues), da kanns du nach w.e.g. däi Membersbäitrag (10€ fir ee ganzt Joer) op eise Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei der Spuerkeess iwwerweisen mat der Kommunikatioun "Aktiven Member 2018 + Numm + Virnumm".

 

2. Generalversammlung 2018

Fir eis Generalversammlung de 16. März 2018 zu Lëppschent am Sporthotel Leweck kanns de dech iwwert de Link hei drënner umellen. Mir géifen eis freen iech zahlreich do remzegesin.

 

Mir soen iech an eise Sponsoren op dëser Plaaz nach eemol Merci fir är Hëllef an Ënnerstëtzung!

 

Am Joer 2018 wärten mir mat engem Organisatiounscomité d'Velo-Biergzäitfueren "Mam Velo de Buurschter rop" zesummen mat de Gemengen Buurschent an Ierpeldeng organiséieren. Falls du motivéiert bass fir matzehëllefen da so eis einfach Bescheed. Weider Infoen zum Programm, etc. kritt dir natiirlech och op eiser Generalversammlung den 16. März 2018.

 

Mat sportleche Gréiss,

 

Äre Comité vun de Sportsdeddessen