Muer ass eis Generalversammlung 2015

Salut!

 

Muer (Freiden) den Owend ass eis traditionnel Assemblée Générale ab 19h30 am Sporthotel Leweck zu Lëppschent!

 

Mir géifen eis freen wann der vill vun Iech kéinten do sin.

 

Hei nach eng Kéier de Mail mat den Detailer.

 

MbG

 

------------

 

Léiwe Member vun de Sportsdeddessen,


Och dëst Joër...

  •  ... gëtt et een Réckbléck vun den Aktivitéiten wou d’Deddessen d’Joër virdrun iwwerall 
    dobei waren a geglänzt hunn.
  • ...kanns du rausfanne wat de Komitee mat de Suen vun der Deddesse-Keess stiicht.
  • ...gëss du gewuer wat de Präsi an de Comité fir déi naechst Méint nach Wëlles hunn.
  • ...kriss du d’Méiglechkeet eng interessant ONG kennezeléiren déi sech fir een gudden Zweck asetzt (Le soleil dans la main)
  • ...kanns du dem Komitee deng Meenung soen an dobei och nach een Patt offréiert kréien.

Komm einfach e Freiden, de 13. März, um 19.30, an de Konferenzsall vum Hotel 
Leweck! De Comité géif sech freeë fir dech (an däi Partner) deen Dag op seng Assemblée 
générale ze begréissen.


Wann s du dann um 20.45 och nach Honger hues, a nach net heem wëlls, da kanns du, bei engem gudde Plat1 am Restaurant Leweck, an dono bei engem gudde Cocktail an der Bar, een gesellegen Owend mam Komitee verbréngen. 

 

Mell dech, sou séier wéi méiglech, hei um Site un an präziséir eis och de Choix vun dengem Plat (Plat A/B).

 


Mat sportleche Gréiss,

De Comité vun de Sportsdeddessen

 


Plat A : Bouchée à la reine + Waasser + Wein -25 Euro

Plat B : Salade Scampi + Waasser +Wein – 25 Euro