Moien léiwe Sportsdeddess,
No méi wéi 2 Joer Pandemie gesait een lues awer secher rem Luucht um Enn vum Tunnel, Leit maachen rem méi dobaussen an enenrhuelen rem flott Aktivitéiten mat der Famill an de Kolleegen. Och d'Deddessen ginn lues awer secher rem méi aktiv. Mir wollten Iech hei eng Lëscht mat Datumer an Aktivitéiten matdeelen wou d'Deddessen um Start sin:
- Deddessen hun um DKV Urban Trail de ravitaillement assuréiert (23. Abrëll)
- Deddessen hëllefen um Waletrail zu Lëppschent dese Samsden 7. Mee - Catering, Ravitaillement
- Deddessen spillen mat um Futtballturnéier zu Wentger den 4. Juni 2022 (Coupe Camille Arendt)
- Deddessen spillen mat op den European Kubb Championchips am Wikingerschach zu Wismar den 29/6-31/7
- Deddessen organiséieren hieren 3. Wikingerschach on the Beach de 17/9/2022
- Deddessen organiséieren een WM-Tippspill wéi gewinnt mat flotten Praisser (Ufank Verkaf 09/2022)
- Deddessen spillen nees méi régelméisseg Futtball an der Hal (sinn am gaang mat der Gemeng Feelen ze kucken fir Haal 1-2/Mount ze kréien während de Wanterméint)
- Mir waerten secher spontan och nach op aaner Aktivitéiten matmaachen a waerten Iech de Fall geat an zukunft méi oft per Newsletter do um courant halen.
Wanns du do iergendwou wëlls derbäi sin, matspillen, hëllefen, etc., da so eis einfach Bescheed.
Falls de nach keng hues, dann ass eis Memberskaart fir 2022 dann och weiderhin fir just 10€ ze kréien. Déi kanns du op eise Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei der Spuerkeess iwwerweisen mat der Kommunikatioun "Aktiven Member 2022 + Numm + Virnumm".
Mir freen eis drop dech nees kënen méi régelméisseg bei deenen verschiddenen Deddessenaktivitéiten kënen remzegesin a verbleiwen mat sportleche Gréiss,
De Comité