Nobestellung vu Velosuniformen

Salut,

Et ass nees souwäit an d'Sportsdeddessen preparéieren déi nei Saison.

Op verschidden Nofroen hin a fir dass dir och top-gekleet sidd um Velo, lancéieren mir nees eng Nobestellung vun Velosuniformen, fir déi déi nach keng hun respektiv eng nei oder eng 2. wëllen.

Klickt hei op de Link a fëllt sou séier wéi méigelech op der Lëscht aus waat dir gären bestellt (Trickot an/oder Box) an a wéi enger Gréisst (XS-XL) dir daat braucht (Ennerschiddlech Gréissten fir Trickot a Box si méigelech).

Doodle-Link: http://doodle.com/poll/8x7egg2kdfttib4p

Den Originalpräiss fir den Trickot mat Box (Top-Qualitéit!) läit bei 120€ - 150€ deemno wéivill dass mer der nobestellen.

Eng komplett Uniform (Trickot+Box) kascht iech als Member awer just nach 90€, de Recht leen mir als Veräin bäi.

Den Trickot (40€) respektiv d'Box (50€) kënen och eenzel bestallt gin falls gewënscht.

P.S.: Fir déi déi um Poker interesséiert sin ass hei nach eemol de Rappel mat Link fir den 9. DSOP Spring Event 2016 den 9. Abrëll 2016.

Mat sportleche Gréiss,

De Comité