Oktoberfest 9 Oktober 2015 zu Ettelbréck an Rentrée

Salut Deddessen,

Den Summer ass quasi riwer an den Hierscht steet virun der Diir an domat fänkt definitiv dann och rem eis Deddessen Saison un.

Hei nachmol schnell een Iwerbléck vun eis nächsten Aktivitéieten:

Mettwoch, den 16 September: Football Am Sporthotel Leweck ab 19.30

Sonnden den 20. September: 6 Stonnen Velo Post - op der Cloche d'Or

Freiden den 9 Oktober: Oktoberfest zu Ettelbreck an den Däichhalen (ab 19.00)

Sonnden, den 11 Oktoberfest: Spinning Marathon an de Foireshalen an der Stad.

Oktoberfest, Freides den 9 Oktober zu Ettelbreck an den Däichhalen

Hei hun Deddessen Dëscher reservéiert wou all Deddes deen wëllt gären kann mat dobäi sinn. Et kascht 45 EURO op de Kapp.

Am Präiss mat dran ass: 1 Maass, 1/2 Hähnchen + Beilage. Zousätzlech gett et nach eng Starterplatte pro Dësch

Well Plaazen trotzdeem limitéiert sinn gëlt et sech bäizeman… avis aux amateurs :)

Wien eng Hax well, muss Bescheed soen an déi kascht nchmol 2,5 EUR méi

Wien nach eng Lederhos, een Hiem oder een Dirndl brauch fir op Oktoberfest soll Bescheed soen, mir wollten villaicht nexte Weekend mol bis op Tréier kucken goen …...

Hei nach de Link zum Event: http://www.sputz.lu/cms/index.php?article_id=78

Wien also den 9 Oktober um Sepplfest wellt mat dobai sinn - melld Iech einfach hei un ….

Hei umellen: