Salut Deddessen,
Oktoberfest, Freides den 10 Oktober zu Ettelbreck an den Däichhalen
Hei hun Deddessen Dëscher reservéiert wou all Deddes deen wëllt gären kann mat dobäi sinn. Et kascht 42 EURO op de Kapp.
Am Präiss mat dran ass: 1 Maass, 1/2 Hähnchen + Beilage. Zousätzlech gett et nach eng Starterplatte.
Well Plaazen trotzdeem limitéiert sinn gëlt et sech bäizeman… avis aux amateurs :)
Wien nach eng Lederhos oder den Dirndl braucht fir op Oktoberfest soll Bescheed soen, mir wollten villaicht nexte Weekend mol bis op Tréier kucken goen …...
Hei nach de Link zum Event: http://www.sputz.lu/cms/index.php?article_id=82
Wien also den 10 Oktober um Sepplfest wellt mat dobai sinn - mellt Iech einfach hei un ….
Hei nachmol schnell een Iwerbléck vun eis nächsten Aktivitéieten:
Mettwoch, den 18 September: Football Am Sporthotel Leweck ab 19.30
Sonnden den 21. September: 6 Stonnen Velo Post - op der Cloche d'Or
Sonndes, den 5 Oktober: Segway fueren op der Musel (2 Stonnen)
Freiden den 10 Oktober: Oktoberfest zu Ettelbreck an den Däichhalen (ab 19.00)
Sonnden, den 12 Oktober: Spinning Marathon an de Foireshalen an der Stad.
Hei umellen: