Salut Deddes,
Wéi wier et mol rem eng Kéier eppes Neies ze probéieren. Sportsdeddessen sinn agelueden ginn nexten Mettwoch, den 25 Juli op Bieles an di nei Petanque Haal ze kommen. Jiddereen ass welkomm. Rendez-vous ass um 19.00 Auer zu Bieles am Boulezenter.
Den Oflaaf vum Owend gesait folgendermoossen aus:
Mir kréien erklärt wéi eng Regelen een muss respektéieren an eng kléng Demonstratioun wéi een di Boullen am beschten werft. Duerno ass et dann schon un eis fir a Gruppen zu 3 oder 4 e bessen ze trainéieren bevir mir dann zum Schluss een kléngt Turnéier spillen. No knapp 1h30 Spillen geet et dann un den Dësch wou mir am Boulezenter zesummen een Maufel iessen. Hoffen mir kréien eng lëschteg Equipp zesummen.
Hei um Link kënnt Dir Iech umellen. Avis aux amateurs. Ladies sinn natiirlech och agelueden :)