Randonnée Gourmande Gilsdorf

Salut!

 

D'Sportsdeddessen gin och dest Joer nees mat op d'Randonnée Gourmande den 18. Mee 2014 zu Gilsdorf. 

 

Départ ass um 10h00 zu Gilsdorf, de Wee ass +-12km laang an daat Ganzt kascht 40.- op de Kapp.

 

Um Menu steet folgendes:


- Consommé Royal avec un verre d'Auxerrois
- Feierstengszalot avec un verre de Pinot blanc
- Gambas du Chef avec un verre de Pinot gris
- sorbet "Granny Smith" et Calvados
- Rôti de porc, pommes de terre au lard, légumes
- assortiment de desserts


Umellen musst der Iech bis spéitstens den nächsten Mëttwoch 7. Mee bei eis, well mir d'Suen mussen am viraus iwwerweisen an d'Plaazen sin limitéiert!

 

MsG

 

De Comité