Rappel - Memberskaart 2013

Léiwen Member vun de Sportsdeddessen,

 

Nodeems schon eng Rei vun iech iwwerwisen hun, ass hei dann och dee leschten Rappel fir déi vun iech, déi weiderhin wëllen Sportsdeddessen-Member bleiwen an dem Veräin trei bleiwen an en ënnerstëtzen. Den 3. Juni aktualiséieren mir eis Mailinglëscht an lossen just nach déi Memberen dra stoen, déi bis dohinner iwwerwisen hun! Hei drënner nach eng Kéier d'Mail vum 16. Mee mat alle wichtegen Infoen:

 

"No engem weideren erfollegräiche Joer 2012 si mir als Komitee am gaangen weider vill flott Aktivitéiten fir d'Joer 2013 ze plangen.


Nodeems mir op der Assemblée Générale den 13. März 2013 een super Bilan konnten zéien, sin natiirlech och déi neiMemberskaarten fir 2013 ze kréien!

 

Eis Memberskaart fir déi nei "Saison" bleift weiderhin bei 10€ fir ee ganzt Joer.

 

Däi Membersbäitrag kanns du bis den 1. Juni op eise Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei derSpuerkeess iwwerweisen mat der Kommunikatioun "Aktiven Member 2013 + Numm + Virnumm".

 

Falls mir bis den 1. Juni keng Reaktioun kritt hun gi mir dovunner aus, dass keen Interesse méi besteet fir weiderhin bei eis Member ze sin a mir aktualiséieren eis Memberslëscht dann och deementspriechend. :)

 

Op eisem neie Site www.sportsdeddessen.lu kanns du am Kalenner noliesen waat leeft, du kanns dech fir déi verschidden Events während dem Joer aschreiwen an deng Donnéen nokucken, änneren, etc.

 

Mir hoffen natiirlech dass mir dech och am Joer 2013 weiderhin zu eisen treien Memberen zielen kënen an dir vill flott Aktivitéiten kënen ubidden.

 

Merci am viraus,"

 

Mat sportleche Gréiss,

 

De Comité vun de Sportsdeddessen