Deen hei Rappel ass fir eis Memberen vun 2013 an/oder 2014, déi bis elo nach nët fir 2015 iwwerwisen hun... ;-)
------------
Léiwen Member vun de Sportsdeddessen,
Fir d'alleréicht mol nach Alles Guddes am neien Joer, ouni Verletzung a bei beschter Gesondheet!
No engem weideren erfollegräiche Joer 2014 si mir als Comité am gaangen weider vill flott Aktivitéiten fir d'Joer 2015 ze plangen.
Mir wärten och dëst Joer op eiser Assemblée Générale e Freiden den 13. März 2015 nees ee positiven Bilan kenen zéien an daat och duerch är Hëllef an Ënnerstëtzung!
Déi nei Memberskaarten fir 2015 sin dann och ab elo ze kréien an eis Memberskaart fir déi nei "Saison" bleift weiderhin bei 10€ fir ee ganzt Joer!
Wanns du nach keng nei Memberskaart fir 2015 hues, da kanns du w.e.g. däi Membersbäitrag bis den 31. Januar op eise Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei derSpuerkeess iwwerweisen mat der Kommunikatioun "Aktiven Member 2015 + Numm + Virnumm".
Nom 31. Januar (respektiv no der AG) gett dann och eis Memberslëscht an eis Mailinglëscht aktualiséiert a falls mir bis dohinner keng Reaktioun sollten vun dir kritt hun, da gi mir dovunner aus, dass leider keen Interesse méi besteet fir weiderhin bei eis Member ze sin a regelméisseg informéiert ze gin waat, wéini, wou leeft. Mir passen dann eis Lëscht och dementspriechend un. Mir hoffen natiirlech dass mir dech och am Joer 2015 weiderhin zu eisen treien Memberen zielen kënen an dir vill flott Aktivitéiten kënen ubidden. :-)
Op eisem Site www.sportsdeddessen.lu kanns du wéi gewinnt am Kalenner noliesen waat leeft, du kanns dech fir déi verschidden Events während dem Joer aschreiwen an deng Donnéen nokucken, änneren, etc.
Am Joer 2015 steet dann ënnert aanerem Poker, Segway fueren, Karting, Fussball, Volleyball, Badminton, Summercup a villes méi um Programm!
P.S.: Mir soen och op dësem Wee och nach eemol eisen Sponsoren Merci fir hier Ënnerstëtzung an an der Annexe fëns du Infoen iwwert d'Virdeeler déi eis Memberen an de Veräin vun eisen Sponsoren gebueden kréien. :-)
Merci am viraus,
Mat sportleche Gréiss,
Äre Comité vun de Sportsdeddessen