Sammelbestellung: Roude-Léiw-Laftrikot 2011

Eise Partner Runners.lu mech ewéi d'lescht Joer erem eng Sammelbestellung bei www.Owayo.de. Dëss Kéier handelt sech em dee Laft-shirt, deen dier hei ënnen gesidd.
Fir d'Sportsdeddessen besteet och d'Méiglechkeet, de Laftrikot matt dem Sportsdeddessen-Logo an d'Plaatz vum Runners.lu-Logo ze huelen!
Bei der Bestellung kënn dir daat uginn.

Mir probéieren dëss Kéier nach méi Leit zesummen ze kréien fir den Trikot méi bëlleg verkafen ze kënnen:
- ab 20 Leit, 49,45 € / Trikot;
- ab 35 Leit 44,85 € / Trikot;
- ab 50 Leit 39,67 € / Trikot

Am Moment hu mer schon iwwer 30 Virbestellungen.

D'Qualitéit as genial, an den Drock vun de Farwen ass, esou dat se net an der Wäschmachine kënnen ausgoen.

D'Laftrikoten gëtt et fir Fraen a Männer, a kënnen matt engem Numm personnaliséiert ginn.

Livraisoun as 4-5 Wochen no der Bestellung, an innerhalb vu Lëtzebuerg, gratis.



Ween soss nach Froen huet, soll mech w.e.g. op der Adress patrick@runners.lu kontaktéieren.
Weider Informatiounen zu Stoff, Schnëtt, Qualitéit : http://www.owayo.de/laufen-kurzarmtrikots.htm