Samsdeg, 30 August, 2014 - 19:00 bis 23:00
Salut.
Och dëst Joer gi mer nees traditionnell zesummen mat de Sportsdeddessen op d'Fouer an du/dir bass/sidd härzlech invitéiert fir derbäi ze sin! :-)
Rendez-vous ass Samsdes Owes den 30. August um 19h00 beim Schwarzwaldhaus fir den Apéro.
Fir dono hu mir Top-Plaazen reservéiert "am Stall" ("Hingerstall" um RDCH) fir zesummen eppes z'iessen.
Mell/Mellt dech/iech am beschten esou séier wéi méigelech un, fir dass mer wëssen wéivill Leit derbäi sin an dass mir mat Zäiten nach kënen Plaazen noreservéieren, falls der nach gebraucht sollten gin.
Mir freen eis elo well iech all do eremzegesin.
Mat sportleche Gréiss,
De Comité
Plaz / Uert:
Luxembourg - Am Stall
Sportart:
Schueberfouer