Eisen Kolleeg de José Lopes vun "Luxembourg Transplant", "meilleur Combatant" vum Deddessen Summercup 2012..., wënschen him op dëser Plaaz nach eemol alles Guddes, hoffen du kenns rem schnell an Rei (huet missen mat 4 Stech gebutt ginn) huet eis op een super flott Evenement am Hierscht invitéiert waat hien lo schon fir 3 organiséiert, den Spinning Marathon an der Luxexpo, den Sonnden 21 Oktober 2012. Well daat een Megaevenement ass (et ginn 6000 Leit erwaard) wou am Virfeld vill muss organiséiert ginn, ass et wichteg ze wëssen ops Du Loscht hues mat den Deddessen op dësem Event mat dobäi ze sinn. Participatioun ass 40 Euro déi integral fir een gudden Zweck waerten agesaat ginn. An deenen 40€ abegraff ass och eng komplett Velosuniform déi mir deen Daag selwer vum Evenement waerten undoen. Detailer kommen no. Hei am Link ennert der Affiche fenns du all Infoen. Mir hu bis lo eng 12 Leit provisoresch ugemellt an der leschter Periode vun 16.00 bis 17.50. Mell dech w.e.g. bis spéistens Enn nexter Woch hei um Link un. Mir hoffen och hei eng flott Equipp kennen zesummen ze kréien, jiddereen ass wellkomm. Hei kanns du zweschen eng halwer Stonn an 2 Stonnen fueren. Avis aux amateurs. Plaazen sinn limitéiert. Maach dech bai. Hoffen mir kréien hei och e puer Jofferen mat :)