Sportsdeddessen asbl zu Wentger

Salut Deddessen, 

Geschwen ass et nees souwait dann geet et rem lass zu Wentger... Dest Joer sinn mir mat 2 Equippen um Start, an wéi et ausgesait hu mir och eisen eegenen DJ dobai, den DJ Bonsi deen eis e Freiden opleen kennt an eis domat hoffentlech e bessen motivéieren kann. Leider brauch hien e Samsden seng CD-Sammlung fir op enger aanerer Manifestatioun opzeleen, d'Anlag bleiwt awer do... wien also e puer gudd CD'en huet oder gudd Musek um Iphone oder Ipad huet, am beschten einfach matbrengen.

Waat lo déi 24 Stonnen zu Wentger ugeet leeft et folgendermoossen of...

Freides Mettes geint 13.00 ginn nach e puer Leit gesiicht déi bereed sinn eisen Site opzeriichten, d.h. 3 Zelter, Bänken, Musek, Luuchten, asw. Bis lo mat do dobai sinn Hinti, Toto, Andy, Tom Bauler, Pol Fischbach...... wien nach Zait a Loscht huet soll sech einfach bei mir mellen....621776980.

Um 20.00 geet et dann lass. Mir wiesselen eis of, jiddereen fiert ongefeier eng hallef respektiv eng 3/4 Stonn, demno wéi schnell een ennerwee ass :) Hoffen di meescht packen et fir 20.00 spéistens do ze sinn, am beschten awer schon e bessen éischter. Et kennt een bis 18.00 op de Site wou mir Zelt hun, duerno ass Strooss gespaart, dann musst dir e bessen zu Fouss goen, mee dir héiert eis, einfach der Musek no ;) Brengt alleguer e Schloofsaak mat an am Beschten och e Klappstull oder sou fir ze raschten....

Mir hun wéi gesoot e grousst Zelt fir ze schloofen wou mir nach am gaang sinn Feldbetter ze organiséieren mee ass nach net ganz secher... Hun och e Camper mat dobai mee do ass nemmen begrenzten Plaaz...

Bis lo sinn mir eng 22 Leit déi sech ugemellt hun. Daat heescht mir kucken sur place wien weini fiert.... muer ass comité do gëtt nach eemol geklaert wien weini disponibel ass. Doropper baséieren mir eis dann fir eng Lëscht opzestellen mat den Auerzaiten.

Ajo jiddereen deen matfiert soll wann et geet een Deddessen T-Shirt undoen (kascht 20 Euro), eng Memberskaart hun an sech un den Onkeschten bedeelegen... (20 Euro fir Iessen an Drenken a gogo)

 

Fir all déi déi net matfueren eis awer wellen ennerstetzen kommen, sinn natiirlech wellkomm, mir sinn fir all Ennerstetzung dankbar. Kommt einfach bis laanscht kucken, et ass wirklech dowaert.

Muer kommen dann nach déi lescht Detailer.

Wann nach Froen sinn scheckt eis einfach eng Mail op comite@sportsdeddessen.lu oder rufft engem vum Comité un.

mat beschte Gréiss

de Comité