Mëttwoch, 13 März, 2013 - 19:30 bis 21:00
Léiwe Member vun de Sportsdeddessen,
Wollst du nach ëmmer…
- …een Réckbléck vun den Aktivitéiten kréien wou d’Deddessen 2012 iwwerall geglänzt hunn?
- …rausfannen wat de Komitee mat de Suen vun der Deddesse-Keess stiicht ?
- …wëssen wat 2013 vun Aktivitéiten um Agenda stinn?
- …eng aner interessant a.s.b.l kenneléiren déi sech fir een gudden Zweck asetzt?
- …dem Komitee deng Meenung soen an dobei och nach een Patt offréiert kréien?
Da komm e Mëttwoch den 13. März, um 19.30, an de Konferenzsall vum Hotel Leweck! De Comité géif sech freeë fir dech (an däi Partner) deen Dag op seng Assemblée générale ze begréissen.
Wann s du dann um 20.45 och nach Honger hues, an den Championsleague match Bayern-Arsenal net verpassen wëlls, da kanns du, bei engem gudde Plat, een gesellegen owend mam Komitee verbréngen.
Plat A : Bouchée à la reine + Waasser + Wein -25 Euro
Plat B : Salade Scampi + Waasser +Wein – 25 Euro
Mell dech w.e.g. op der hei Säit un, an deel eis matt wéi ee Plat dass du hëlls.
Plaz / Uert:
Hotel Leweck
Sportart:
Assemblée Générale