Salut Deddessen,
Mir hu geduecht mir loossen eis mol rem eemol eppes Neies afaalen, eppes waat den Adrenalin e bessen heich dreiwt, eppes waat mir als klengt Kand schon wollten spillen mee dunn et leider nach naischt sou eppes ginn ass. Wien traut sech den 16. Oktober mat eis Paintball spillen ze goen. Lass geet et den 16 Oktober geint 11.30 zu Ettelbreck bei den Daischhalen. Vun do fueren mir zesummen op SAint-Léger, daat lait zweschen Arlon a Virton ongféier eng 25 Minuten vun Ettelbreck. Do gett et eng vun deenen flottsten Siten hei an der Géigend. (www.gaumepaintball.com). De Praiss waert sou eppes em 35 Euro pro Kapp leien. Do mat abegraff ass eng komplett Uniform mat 300 Schëss, wiem daat nach net duer geet, deen kann sech der op der Plaaz nach selwer dobaikaafen. Den Terrain ass reservéiert vun 13.00 bis 16.00. Duerno gi mer all nach zesummen een klengen drenken a wien Loscht an zait huet och eppes iessen. Fir dass mir och secher wëssen wien matgett hu mir hei e link gemeet wou sech jiddereen soll umellen. Déi déi secher dobai sinn kënnen och schon hir Participatioun op eisen Kont bei der Spuerkees LU52 0019 3255 6229 3000 iwerweisen. Déi 16 éischt sinn vir. Mir wieren frou wann dir eis sou schnell wéi méiglech kéint Bescheed soen sou dass mir daat Event sou gudd wéi méiglech kënnen organiséieren. Wann Froen sinn wéi gewinnt eis eng Mail schécken op comite@sportsdeddessen.lu oder uruffen um 621 77 69 80.
http://doodle.com/participation.html?pollId=ttmkyeepkfayptvm
bis geschwenn ären Comite