Sportsdeddessen invitéieren den 6 Oktober op hiren traditionellen Kick beim Leweck wéi all 2. Mettwoch an den 16. op Paintball

Hei e puer weider Informatiounen zu den zukünftegen Aktivitéiten vun den Sportsdeddessen:

- nexten Mettwoch, den 6. Oktober trainéieren mir an der Sportshal am Leweck (Fussball)

- lo am Oktober spillen mir e Frëndschaftsmatch 11-11 géint den Jugendclub vum Cents, eng Initiative déi mir an Zukunft vlait méi dachs waerten proposéieren. (Datum ass nach net fix, am Oktober). Mir soen Iech sou schnell wéi méiglech Bescheed.

- Samsdes den 16. Oktober gin mir zesummen hei vir an Frankreich Paintball spillen. Méi Informatiounen op www.gaumepaintball.com. Den Terrain ass vun 13.00-16.00 fir eis reservéiert. Wien interesséiert ass dobai ze sinn soll sech sou schnell wi méiglech op comite@sportsdeddessen.lu mellen.  

 - am Dezember ass eisen nexten Tournoi, den Deddessen Wintercup, haalt Iech de Weekend vum 11-12 Dezember schon mol frai

- lo ass Zait vun den Randonnéeen Sonndes Moies (Mountainbike Touren stinn um Programm). Mir setzen demnext eng Lëscht op de site wou di interesséiert Deddessen sech kennen bei eis mëllen fir dass een zesummen fueren goen kann.

- am November steet een Bowlingsowend um Programm

- asw.